zeno
Create a Station
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Toggle Sidebar
zeno
radio 100,7
Invité:e vum Dag
News
Luxembourgish
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
Website
Episodes
50
12 June 2026
Joëlle Welfring, Deputéiert vun déi gréng
Theeme sinn déi Klima-onfrëndlech Mesuren am Resilienzpak, Ännerungen um Naturschutzgesetz a Warnunge ronderëm déi schlecht Qualitéit vun de Lëtzebuerger Gewässer.
11 June 2026
Gilles Roth, CSV-Finanzminister
Wéi grouss ass den Impakt vum Resilienzpak op d'Staatsfinanzen an op zukünfteg Projete wéi z. B. d'Steierreform?
10 June 2026
Marc Spautz, CSV-Aarbechtsminister
De Sozialdialog schéngt nees ze funktionéieren. Mee wéi stabil ass deen neie Fridden tëschent Gewerkschaften, Patronat a Regierung? A wéi koum en op eemol esou séier zustanen?
09 June 2026
Meris Sehovic, Deputéierte vun déi gréng
Huet de "séieren Tram" säin Numm nach verdéngt? Ass den Arrêt Wickreng noutwenneg? An ass den Tram op der Metzeschmelz, wann déi éischt Leit do eraplënneren?
08 June 2026
Carole Hartmann, DP-Parteipresidentin
Nom DP-Kongress ass d'Parteipresidentin bei eis am Studio, fir iwwer d'Tripartite, d'Zesummenaarbecht mat der CSV an d'Zukunft vun der Partei ze schwätzen.
05 June 2026
Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement écologique
Ginn op der Tripartite ënner dem Deckmantel vun der Inflatiounsbekämpfung Decisioune geholl, déi net gutt fir Ëmwelt a Klima sinn?
04 June 2026
Hubert Wurth, fréiere Lëtzebuerger Ambassadeur zu Moskau
Wéi eng Perspektive gesäit hie fir de Krich an der Ukrain op en Enn ze bréngen? A wéi eng Roll kann d'Diplomatie dobäi spillen?
03 June 2026
Georges Engel, Co-Parteipresident vun der LSAP
D'Gewerkschafte fuerderen, datt si an Zukunft iwwer d'Sozialpolitik vum Land kënne matdecidéieren. Wat halen d'Sozialiste vun där Propos?
02 June 2026
Journalisteronn virun der Tripartite
Wat ass sech ze erwaarde vun de Verhandlungen tëschent Regierung, Patronat a Gewerkschaften, déi haut uginn? Mir froen d'Nadine Schartz vum Wort an de Pol Reuter vu Reporter.lu.
01 June 2026
Alex Schumann, President vum Industrielleverband FEDIL
Wéi staark ass d'Lëtzebuerger Industrie elo scho vun den héijen Energiepräisser betraff? Déi Fro stelle mir dem FEDIL-President éier muer d'Tripartite-Verhandlungen ufänken.